Temporären Ëmbau vun der Kräizung N7 CR115

D'Administratioun des Ponts et Chaussées huet eis matgedeelt, datt et geschwënn weider geet mat der Transformatioun vun der Haaptkräizung um Rouscht an e provisoresche Rondpoint. D'Aarbechte fänken de 17. Mäerz un a féieren zu Verkéiersbeschränkungen fir eng geschätzte Dauer vu 4 Wochen.


Wärend dëser Period ass et néideg folgend Stroossen ze spären:

  • den CR115 Rouscht – Cruchten a Richtung Rouscht
  • den CR115 Biissen – Rouscht a Richtung Rouscht